Kierper (Physik) 20itzonspxF.ore A00 o
| Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Kierper an der Physik. Fir aner Bedeitungen, kuckt w.e.g. Kierper. |
An der Physik ass e Kierper en Objet dee Mass huet a Raum anhëlt. An der klassescher Physik gëllt: Wou e Kierper ass, ka keen anere sinn. Kierper bestinn aus Stoffer.
Déi theoretesch Physik kennt dräi grondleeënd an openeen opbauend Betruechtunge vum Kierper:
- Punktmass: Keng (oder onendlech kleng) raimlech Ausdehnung, wueldefinéiert Mass. Gëtt och als Massepunkt bezeechent. Dës Modellvirstellung ass einfach ze gebrauchen an a ville Fäll ausreechend.
- Konglomerat vu Punktmassen: (meeschtens starr) Verbindung vu Punktmassen zu engem ausgedehnte Kierper
- Kontinuéierlech Verdeelung: Iwwergank vun der Zomm vu Punktmassen zum Raumintegral iwwer d'Dicht.
Am Kader vun der klassescher Mechanik kënnen (ausgedehnt) Kierper Translatiouns- a Rotatiounsbeweegungen ausféieren.
Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]
- Festkierper